ECG Schülercomitéwalen 2026

LET ECG DREAM

Den ECG ass voller Energie, Talenter an onendlech Méiglechkeeten. An de leschten zwee Joer hunn ech als Schülercomitéspresident erlieft, wéi vill mir zesummen erreeche kënnen a wéi vill Potenzial nach an eiser Schoul stécht. Elo ass et un eis, nei Iddien ze verwierklechen, Dreem Realitéit ginn an d’Zukunft vum ECG zesummen ze gestalten.

Campagne Philosophie

Eng Iddi kann alles ufänken

Eng besser Schoul entsteet net vun eleng. Si entsteet duerch Leit, déi Iddien hunn, Verantwortung iwwerhuelen an zesummen eppes beweegen.

Sechs konkret Initiativen

Aus Dreem gi Projeten

Zesumme maache mir aus gudden Iddien konkret Verbesserunge fir eisen Alldag am ECG.

Excursiounen vereinfachen

Plang géint d'Hëtzt

Campusfest & Gemeinschaft

Eng méi einfach Organisatioun vu Schoul-Ausflich, fir datt gutt Iddien net um administrativem Opwand scheiteren.

Léisunge fir waarm Summerdeeg ausschaffen, fir datt d'Léieren an de Klassesäll agreabel bleift.

E gemeinsamt Fest, dat Schüler zesummebréngt an d'Schoulgemeinschaft ausserhalb vum Unterrecht stäerkt.

Zwee Joer am Comité

Wat mir zesumme beweegt hunn

An de leschten zwee Joer hu mir zesumme vill Erfarunge gesammelt, Iddien ëmgesat an d'Schoulliewe matgestalt. Déi Erfarung ass eist meescht wäertvollt Fundament.

Ob alldeeglech Wënsch oder grouss Schouleventer: Zesummen hunn mir gewisen, wat alles méiglech ass!