Eis Vergaangenheet

Net nëmme schwätzen : Zesummen ugoen

An de leschten zwee Joer hu mir am Schülercomité gewisen, wéi konkret Iddien an Aktivitéiten eist Schoulliewen am ECG wierklech veränneren kënnen.

Réckbléck 2024–2026

Gemeinsam Projete mat Schüler-Energie

Campus Liewen

Eis éischt Schüler Tournoien

Spannenden Fussballtournoi tëschent Schüler vum ECG an den AL.

Méi Fräiheet

De Joggingdag am ECG

Puermol am Mount méi bequem an d'Schoul! E klengen Changement am Alldag, dee fir méi Wuelbefannen, Individualitéit a Gemeinschaft gesuergt huet.

Mateneen

De Schülerdialog

Ech hunn de Schülerdialog an d’Liewe geruff, fir de Klassespriecher eng méi staark Stëmm ze ginn an den Austausch mam Schülercomité ze verbesseren. Mat der Grënnung vun enger Schülerplattform hu mir eng weider Méiglechkeet geschaf, fir am laafenden vum Joer weiderhinn Iddien ze deelen, Problemer unzeschwätzen an d’ECG zesummen ze gestalten.

Grënnung vum Campuscomité

Ee Campus. Véier Lycéeën. Gemeinsam Iddien.

Op meng Initiativ hin ass de Campuscomité virun engem Joer um Campus Geesseknäppchen entstanen. Hie bréngt d’Schülercomitéë vum Athénée, vum Lycée Michel-Rodange, vum Lycée Aline Mayrisch a vun der école de commerce et de gestion zesummen, fir zesummen nei Projeten op d’Been ze stellen an d’Zesummenaarbecht um Campus ze stäerken.

Teacherawards

Nei Unnerkennungen

Mam Teacher Awards hu mir eng nei Méiglechkeet geschaf, den Asaz vun eisen Enseignanten ze valoriséieren an hinnen e Merci ze soen. Sou stelle mir déi Leit an de Mëttelpunkt, déi all Dag e wichtege Bäitrag zum Schoulalldag am ECG leeschten.

Mat eisem neien ECG Merch hu mir d’Méiglechkeet geschaf, d’Identitéit vum Schülercomité no baussen ze weisen an d’Zesummegehéieregkeetsgefill ze stäerken. Eng Initiativ, déi eis Schoul méi siichtbar mécht an de Schülercomité nach méi no bei de Schüler bréngt.

Eise Merch

ECG-Gefill

An dat war eréischt den Ufank

Mir hunn eng zolidd Basis opgebaut. Elo wëlle mir mat sechs neien Initiativen déi nächst Etapp fir den ECG starten.