EISE PLAN
01
02
03
04
Excursiounen & Hëtzeplang
Digital ECG & Zeitung
Campusfest & Gemeinschaft
Élèves Méritants & Fräibeier
Méi séier Organisatioun vu Schoulausflich ouni administrative Stau, plus konkret Léisunge fir méi kille Léieralldag op waarme Summerdeeg.
Eng zentral Informatiouns Websäit fir all Schüler an eng nei Schülerzeitung mat Geschichten, News an Ablécker aus eisem Schoulliewen am ECG
E grousst gemeinsamt Fest dat d'Schoulgemeinschaft ausserhalb vum Klassesall zesummebréngt an den Teamgeescht am ECG stäerkt.
Éierung fir besonnesch Schülerleeschtungen an e gemeinsame Fräibéier mat de Lycéeën aus dem Campus
HAAPTPROJETEN
Kloer Prioritéiten am Detail
Dës sechs Piliere stinn am Mëttelpunkt fir déi nei Mandatsperiod am ECG.
Campusfest 2027
ECG Digital Hub
Präisiwwereechung
E gemeinsamt Campusfest mat Musek, Food-Stänn an interaktive Sport-Aktivitéiten. Dëst Fest soll déi perfekt Geleeënheet sinn, fir Schüler a Léierpersonal ausserhalb vum Klassesall zesummen ze bréngen an e staarken Zesumenhalt op eisem Campus ze feieren.
Mir maachen de Schülercomité méi accessibel an transparent! Op enger neier Plattform fënnst du all Eventer, Workshops a lafend Projeten op ee Bléck. Gesai ween am Comité ass an trëtt ganz einfach an direkt mat eis a Kontakt fir deng Iddien ze deelen.
Wien haart schafft a sech fir d'Schoulgemeinschaft engagéiert, verdéngt méi wéi just eng Bemierkung op der Zensur. Mir wëllen eng offiziell Zeremonie, fir d'Efforte vun de Schüler ze belounen!
Hëtzefräi bei 30 °C
D'ECG Schülerzéitung
Ausflich vereinfachen
Eng eegen Zeitung vun a fir d'Schüler! Mir schafen eng Plattform, wou dir Är Meenungen, Artikelen, Interviewen a kreative Content mat der ganzer Schoul deele kënnt.
Wann d'Klassesäll am Summer zur Sauna ginn, ass kee Léiere méi méiglech. Mir fuerderen e konkreten Hëtzeplang ab 30 °C: Coursen just bis 11:40 Auer a Klima Anlagen fir all Klassesall!
E Klassenausfluch ze organiséieren soll einfach sinn an eng Chance bidden net e bürokratesche Kampf. Mir setzen eis fir méi séier a méi einfache Prozeduren an!
Hues du eegen Iddien?
Schreif mir op Instagram an diskutéier direkt mat. D'ECG gehéiert eis alleguer.


