PERSÉINLECHE PROFIL

Salut, ech sinn den Alessio

Schüler am ECG an en engagéierten Mënsch. Zesummen erreeche mir d'Ziler fir eis Schoulgemeinschaft an eist Schoulliewen.

MENG MOTIVATIOUN

Den ECG ass méi wei eng Schoul

Fir mech ass den ECG méi wéi eng Plaz, wou ech léieren. Et ass eng Gemeinschaft, déi ech an de leschten zwee Joer als Schülercomitéspresident aktiv matgestalte konnt. An dat, wat dës Schoul wierklech ausmécht, si seng Schüler.

Meng Matschüler sinn de Grond, firwat ech mech engagéieren. Hir Iddien, hir Problemer an hir Wënsch verdéngen et, eescht geholl ze ginn. Ech wëll eng Schoul, an där jidderee sech gehéiert fillt, matbestëmme kann a gesäit, datt seng Stëmm eppes bewierkt.

Well ech un den ECG gleewen. A well ech iwwerzeegt sinn, datt nach vill méi dran ass, wa mir et zesumme maachen.

LET ECG DREAM. Zesummen maache mir et méiglech!

ENGAGEMENT AM ECG

Vum Klassenspriecher bis President

01

02

03

04

Klassenspriecher

Schülercomité

Comitéspresident

Zukunft fir d'ECG

Erfarung am oppenen Dialog mat Matschüler. Ech hunn geléiert d'Wënsch aus der Klass ze vertrieden an Verantwortung an der Grupp ze huelen.

Mataarbecht u konkreten Eventer an Initiativen. Zesummenaarbecht mat der Ekipp fir d'Schoulgemeinschaft mat neien Iddien ze beräicheren.

Leedung vu Reuniounen a Reorganisatioun vum schouleschen Engagement. Direkten Austausch mat der Direktioun fir d'Interesse vun alle Schüler ze vertrieden.

Weiderentwécklung vum schouleschen Ëmfeld duerch neie Schwong, oppe Kommunikatioun an transparent Virschléi fir jiddereen am ECG.

ZESUMMEN FIR DEN ECG

Firwat ech mech engagéieren

Ech wëll en ECG wou Schüler net nëmmen dobäi sinn, mee d'Schoulliewe matgestalten. Zesummen maache mir et méiglech.